Target: General public, Parents, Professionals

Resilienz Forum – Gesond opwuessen, Resilienz bei Kanner a Jugendlecher stäerken

Dates and times of the event :

11/10/2024 : 16:00 - 20:30, -

Version française

D‘Fërderung vu psychescher Gesondheet, d‘Entwécklung vu Liewenskompetenzen, den Opbau vu Ressourcen a Mesure vu Suchtpreventioun si wichteg Bausteng fir eng Gesellschaft an där Kanner a Jugendlecher resilient a gesond opwuesse kënnen.

Den CNAPA invitéiert all Acteuren, déi sech zu Lëtzebuerg am Kanner- a Jugendberäich engagéieren, fir sech mat engem Informatiounsstand ze bedeelegen.

Experten/-innen vun der LLHM, L’Université de la Nature, der FINDER Akademie an dem CNAPA wäerten tëscht 16h an 18h en Echange mat dëse Partnerorganisatiounen iwwer verschidde Froen zum Thema « Gesond opwuesse »  moderéieren.

Den ëffentlechen Deel vum Forum ab 18h riicht sech un Elteren a Professioneller an all déi, déi sech fir dës wichteg Themen interesséieren an sech informéiere wëllen.
Programm :

16h00 Echange fir professionell Acteuren
18h00 Infostänn fir de Grand Public
18h30  Virträg vun Experten/-innen
19h45  Table Ronde a Froeronn
ab 20h15 Get-together mat Fingerfood

Mir freeën eis Iech op dësem Forum ze empfänken!

Weider Informatioune fannt dir hei; Dir kënnt Iech hei umellen.

 

Language(s) info: Viträg op Däitsch / Lëtzebuergesch mat Iwwersetzung op Franséiesch

Category(ies): Health, Job, Psycho

Type(s): face-to-face

Organiser

CNAPA

https://www.cnapa.lu

Marc Mischo

+3524977771

Cherchons bénévoles : No

Cherchons partenaires : No

Organiser's partners

KlengCnapaLogo

Where is this happening?

Contact the organiser

Please enable JavaScript in your browser to complete this form.
Contact