Cible : Enfants
Zesumme staark!
Dates et heures de l'action :
07/10/2024 : 08:30 - 10:30, -
08/10/2024 : 08:30 - 10:30, -
09/10/2024 : 08:30 - 10:30, -
Du wëlls dech an deng Klass (Cycle 3 & 4) bei eis am Workshop vum Kannerduerf Miersch umellen? Mir bidden iech eng interaktiv Aktivitéit zum Thema mental Gesondheet « Zesumme staark! ». Et geet em hier Stäerken, an awer och em déi Saachen, déi bei hinne Stress ausléisen. Sie solle leiere wei een domadder konstruktiv ëmgoe kann. Nieft verschidden Aktivitéiten, déi sech konkret mat den individuelle Stäerken an Stressausléiser befaassen, ass den zweeten Deel vum Workshop ob de Grupp ausgeriicht. Et gëtt zesumme gekuckt, wei een sech géigesäiteg besser verstoen an ënnerstëtze kann.
D Aktivitéit dauert ongeféier zwou Stonnen. Se kennen am Laf vum Moie gemaach ginn. Dobäi ass et egal, ob dir vun 8:30-10:30 komme wëllt, oder vun 9:00-11:00. Mir passen eis hei ärem Rhythmus un!
Zieler:
– All Kand a senge Stäerke bestäerken
– Klass mei no zesumme bréngen (Teambuilding)
– Ressourcë vun der Klass aktivéieren
– Nei Coping Strategië fannen, déi Hëllefen Stress ze reduzéieren
Info langue(s) : Lëtzebuergesch
Catégorie(s) : Psycho
Type(s) : en présentiel
Organisateur
Cherchons bénévoles : Non
Cherchons partenaires : Non
Partenaires de l'organisateur
Où cela se passe-t-il ?
Contacter l'organisateur
Une inscription n'est pas possible. L'action est soit complète ou n'est pas ouverte au grand public.